Accueil Dokumenter Ritter vum N Aktuelles

Op dëser Säit fannt dir Dokumenter fir erofzelueden.

Dës Dokumenter gi just zäitweis begleedend zu Coursen oder Virdreeg gewisen.

Wann dir déi Dokumenter eroflued, da géif ech iech bieden de Copyright ze respektéieren, an d'Dokumenter just fir privat Zwecker ze benotzen.

Aktuell Dokumenter:

De Gréngewald op en Neits besicht am Abrëll a Mee 2020

Eng literaresch an informativ Wanderung duerch de Gréngewald, mat villen interessanten Detailer

iwwert déi verschidde Plazen, am Fachjargon "POI, Point of interest" genannt.

Längt (Quantitéit) vun de Vokalen. (La quantité/longueur des voyelles ¦ Vokallänge/-quantität ¦ Vowels lenght/quantity )

Wéini ginn eis Vokale kuerz oder laang ausgeschwat? Eng Iwwersiicht.

De Ritter vum N. (Le chevalier du N ¦ Der Ritter des N ¦ The knight of the N )

Eng faarweg Zeechnung fir sech d'N-Regel bildlech virzestellen.

Schreifweis <Al Schwämm> bezunn op déi al Schwämm zu Dikrich, ower och op all aner esou Lieu-dit zu Lëtzebuerg.

Eng originell "Dikricher" Fro zu de "Freibäder" där et fréier vill zu Lëtzebeurg gouf.

Faarwen (Couleurs ¦ Farben ¦ Colors)

Wéi heeschen d'Faarwen op LTZ?

Auer-Dag-Mount-Joer ( heure-jour-mois-année ¦ Uhrzeit-Tag-Monat-Jahr ¦ Clock-day-month-year )

En Tableau mat der Iwwersiicht vum Dages- bis zum Joresoflaf.

Auerzäiten, Schrëtt fir Schrëtt. (les heures, pas après pas ¦ Uhrzeiten, Schritt für Schritt ¦ Time of day, step by step )

Auerzäiten. (les heures de la journée ¦ Uhrzeiten ¦ Time of day )

Zwee Dokumenter iwwert den Opbau vun der "Lëtzebuerger" Zäit um analogen Ziffereblad.

Entwécklung vun der standardiséierter Lëtzebuerger Sprooch.

Dëst ass e Versuch fir eng chronologesch Rekonstruktioun ze maachen, wéi ons Lëtzebuerger Sprooch sech weiderentwéckelt huet vun deem Ament un, wou versicht ginn ass eng offiziell Standardiséierung um Pabeier festzehalen, sief et duerch d’Literatur, d’Wëssenschaft, d’Educatioun oder d’Gesetz.

Iwwer d’Musel an d’Mosella.

D’Musel ass en Niewefloss vum Rhäin, wou si zu Koblenz vu lénks erfort draleeft.

Hir Quell ass an de franséische Vogesen um Col de Bussang an enger Héicht vu 735 m iwwert dem Mieresspigel. No 520 km leeft si dann an de Rhäin wou et nach grad 60 m iwwert dem Mier sinn.

Ø      GRENZFLOSS

Op engem klenge Wutz dervun ass et och “EIS” Musel. Ower just zur Halschecht! Vu Waasserbëlleg bis op Schengen, op 36,34 km, mécht si d’Grenz mat Däitschland. An op ganzer 1,08 km mécht si souguer bei Opech (F- Apach) d’Grenz mat Frankräich !

Datt si d’Grenz mécht, hu mir dem Wiener Kongress an dem Preussisch-Niederländischen Vertrag vum 31. Mee 1815 ze verdanken.